D'Fondatioun

D ‘« Fondatioun Kim Kirchen », mat Sëtz an der Gemeng Nidderaanwen (Lëtzebuerg), huet als Ziel, ënner alle méigleche Formen deene Kanner ze hëllefen, déi vun enger schlëmmer Krankheet getraff sinn, déi a Foyeren plazéiert sinn oder ënnert engem Handicap leiden.

D ‘Fondatioun bedeelegt sech ënner anerem un der Promotioun vu sportlechen Aktivitéiten andeems se Sportler ënnerstëtzt an als Géigeleeschtung vun hirem Bekanntheetsgrad profitéiert fir esou Geldmëttel ze sammelen fir hier Zieler ze verwierklechen.

D ‘Fondatioun kann ënner allgemenger Form aneren Etablissementer, Associatiounen, Wierker oder Persounen hëllefen an ënnerstëtzen déi en ähnlechen Zweck erfëllen. Op nationalem Plang kann d ‘Fondatioun sech mat aneren Organismen déi en ähnlecht Ziel verfollegen zesumme schléissen.

An dësem Zesummenhang féiert d ‘Fondatioun all Operatiounen aus déi dozou bäidroen hier Zieler ze erreechen.